Aller au contenu
La lettre du jeudiun mail, le jeudi, rien d'autreLa lettre du jeudiun mail, le jeudi, rien d'autreLa lettre du jeudiun mail, le jeudi, rien d'autre
refrain.
← Tout le pays : tout l'agenda

Themennomëtteg „Geeschteg fit bleiwen"

mardi 12 janvier 2027 · 16h-18h

Aalt Stadhaus · Differdange

RencontresGratuit
Voir la page source

Demenz virbeugen. Eist Gehier begleet eis e Liewe laang. Et erméiglecht eis ze denken, ze léieren, Erënnerungen ze schafen an déi wäertvoll Momenter am Liewen ze genéissen. Déi gutt Noriicht ass: Mir kënnen och selwer vill dozou bäidroen, eis geeschteg Gesondheet ze ënnerstëtzen an de Risiko vun enger Demenz ze reduzéieren. Mee wat hëlleft wierklech? A wat ass normal Vergiesslechkeet - a wat kéint e Warnzeeche sinn? Als Associatioun Lëtzebuerg Alzheimer (ala) engagéiere mir eis zënter bal 40 Joer fir Mënsche mat Demenz an hiert Ëmfeld. Nieft der Berodung an der Begleedung ass et eis wichteg, d’Ëffentlechkeet iwwert Demenz opzeklären an d’Gesondheet vum Gehier duerch Informatioun a Preventioun ze fërderen.

Dans le même ton