Kabaret Sténkdéier
vendredi 5 mars 2027 · 20h
Aalt Stadhaus · Differdange
Alles a Fränjelen. D’Operatioun ass gelong, de Patient ass dout! Europa ass ugezielt an hänkt an de Seeler, den transatlanteschen Dram ass ausgedreemt. Lénks a riets gi mer iwwerholl. Op wie kanns de dech nach verloossen, wie klaut der d’Sue schonns aus der Täsch? De Klimawandel ass aus de Schlagzeilen, dofir iewer net vum Dësch a vill ze spéit hu mir geschnallt, wéi ofhängeg mir wierklech sinn. Vun engem Moment op deen anere war alles a Fränjelen an elo reiwe mir eis d’Aen a verstinn d’Welt net méi. Egal op Gesondheets-, Pensiouns-, Steierreform, bezuelbare Wunnraum oder unisex Toiletten; och dës Koalitioun huet, esou wéi déi virdrun, d’Probleemer vun de Leit net geléist an de Mann mam Hummer ass ënnerwee.
Dans le même ton
- jusqu'au31octobreExposPayant
EXPO TEMPORAIRE: Une histoire d'or dur
Luxembourg Science Center · Differdange
du lundi au dimanche
- jusqu'au8novembre
- jusqu'au31marsCiné & spectaclePayant
Borders, Mobility, and their Human Impact
Prinzessin Marie-Astrid Europa · Schengen
du lundi au dimanche
10h-18h
