Aller au contenu
La lettre du jeudiun mail, le jeudi, rien d'autreLa lettre du jeudiun mail, le jeudi, rien d'autreLa lettre du jeudiun mail, le jeudi, rien d'autre
refrain.
← Tout le pays : tout l'agenda

De Spada am Stadhaus

mercredi 9 décembre · 20h

Aalt Stadhaus · Differdange

Ciné & spectacleTarif à confirmer
La page de l'organisateur

Voyage, voyage. E ganzen Owend mam Luc Spada a sengen Invitéen. Eng Mëschung aus Late-Night-Show, Variété an Talk. D’Theema fir dës sechst Editioun ass „Voyage, voyage“ an Dir sidd all agelueden, mat op d’Rees ze goen. Et erwaarden Iech eng All-Inclusive-Show mat e puer Turbulenzen, engem Buffet vu Witzer, déi net ëmmer sou gemengt sinn, an Dir trotzdeem laache musst an engem Moderator, deen am léifsten ouni Gepäck reest. En Owend iwwer d’Reesen, d’Fortgoen, d’Ukommen an dat komescht Gefill, ni ganz do glécklech ze sinn, wou ee grad ass. Iwwer d’Vakanz, déi een dréngend brauch, déi awer heiansdo méi Stress mécht wéi d’Aarbecht. Iwwert krank ginn, wann een endlech net méi schaffe muss.

Dans le même ton